Bretzel
Ingrédients :
Changer le nombre de portions pour que les quantités soient adaptées automatiquement.
- 500 g de farine
- 2 oeufs
- 1 sachet(s) de levure fraîche
- 2 Essl. Zocker
- 0,5 c. à c. de sel
- 50 g de Fairbotter
- 100 ml de lait équitable
- 100 g de yaourt blanc ou de fromage blanc
Préparation :
Temps de préparation : 60 min
Hiefdeeg usetze :
- 500 g Miel
- 2 Eeër
- 1 Pack Frëschhief oder 2 P. Drëschenhief
- 2 Essl. Zocker
- 1/2 Teel Salz
- 50 g Fairbotter
- 100 ml Fairmëllech
- 100 g wäisse Yoghurt oder wäisse Kéis
Zoubereedung
Mëllech zes mam Botter an enger Kasseroll wootlech schmëlze
Miel an eng grousser Schossel maachen.
Alles zes. dra maachen a mat de Knethake
vum Mixer zu engem schéine glaten Hiefdeeg verréieren .
ebesse Miel driwwer pudderen , an zougedeckt op
enger waarmer Platz opgoe loosse bis en sech verduebelt huet.
Marzipan Fëllung fir de Bretzel
am Beschten den Dag virdru maache
- 50 g Griess ( Semoule ) sou aus der Verpackung
- 60 g Botter liicht schmëlzen
- 150 g Mielzocker
- 2 Essl. gemuele Mandele
- 5 Drëpse Bittermandelextrakt
- 3 Essl Mëllech
Alles zesummen 20 Minn gutt matenee verréieren
an zum Schluss 1/2 Teel. donkele Kakao dra maachen .
an enger zouener Këscht puer Stonne kal stellen .
Miel op den Dësch pudderen
Den Deeg op den Dësch nees gutt duerchknieden , an en laang ausrullen .
Mat der Forschett apicken.
4 oder 5 breed Sträife schneiden, eng Säit mat geklapptem Eegiel
usträichen .
Marzipanmass nees duergréieren , an eng Sprëtz afëllen .
De laange Wee iwwer den Deeg eng Sträif mat Marzipan sprëtzen .
Den Deeg zesumme rullen, duerch d Eegiel pecht et gutt .
lo déi ganz Strull wéi eng Spiral dréinen , a wéi eng Bretzel formen .
Déi 2 Enner nees mat Eegiel upëschen , an déi ganz Bretzel mat Eegiel usträichen .
Op de Bakblech mat Bakpabeier leeën .
Am 30 Grad waarme Schäffchen, eng hallef Stonn opgoe loossen .Et ginn 2 Bakblech .( 4 Bretzelen )
Bake bei 150 Grad mat Ëmloft, bis se schéi brong sinn.
Eraushuelen , just liicht ofkillen a mat waarmen Hunneg usträichen .
An enger Pan gi Mandelblieder geréischtert an iwwer den Hunneg gestreet.
Dat heite Rezept ass derwäert fir nogemeet ze ginn.
Gudden Appetit